1. Finall BDO League

1. Finall BDO League

An der 1. Finall vun der BDO TT-League konnte sech eis Jongen an engem ganz spannenden Mätch mat villen Iwwerraschungen um Enn mat 5-4 géint den DT Houwald duerchsetzen.

Déi zweet Finall gett de Samschden 4. Mee um 19.00 Auer um Hesper Holleschbierg gespillt. Sollten eis Jongen do gewannen, wier et de 7. Championstittel hannerteneen.

Sollt den DT Houwald d'Iwwerhand behalen, esou kéim et zu engem definitiven Showdown de Samschden 11. Mee um 19.00 Auer, dann allerdengs erem bei eis op der Alliance.