12. Spilldaag BDO TT-League Viirschau

12. Spilldaag BDO TT-League Viirschau

Um 12. Spilldaag kënnt ët zum Spëtzemätch tëscht dem DTD an dem DT Houwald.

Nom 6-3 Erfolleg am Himätch and em 4-0 an der Coupe Finall, geet den DTD als Favorit an de Mätch, mee déi Houwalder wäerten op Revanche aus sin a wëllen hiir läscht Chance op déi 1. Tabelleplaatz notzen.

E spannende Mätch ass deemno viirprogramméiert, e Samschden 25.01. ab 15.00 Auer um Holleschbierg.