BDO TT-League 1. Spilldaag

BDO TT-League 1. Spilldaag

An engem viirgezunene Mätch vum 1. Spilldaag konnten eis Jongen sech mat 6-3 beim Opsteiger Union Lëtzebuerg duerchsetzen.
Am 1. Eenzel vum Owend haat de Gilles Michely nëmmen am Ufank Problemer géint de Mostafa Mohamed. No engem 3-7 Reckstand am 1. Saatz konnt hien deen nach gewannen an dono de Mätch mat 3-0 zu senge Gonschten entscheeden.
Dono huet de Zoltan Fejer-Konnerth keng Problemer kannt fir sech mat 3-0 géint den Marko Vujic duerchzesetzen.
Un engem fir hien ganz schwaarzen Owend huet de Fabio Sabtomauro am 3. Eenzel mat 2-3 géint den Harles Jules verluer.
En hypernervösen Dennis Müller huet dunn miissen d'Iwwerléenheet vum Jim Cloos unerkennen, an op eemol stoung et e bëssen iwwerraschend 2-2.
Duerno hun de Gilles Michely (3-1 géint de Marko Vujic) an den Zoltan Fejer-Konnerth (3-0 géint Mostafa Mohamed) fir de 4-2 gesuergt.
Wéi dunn de Fabio Santomauro och säin 2. Eenzel mat 0-3 géint de Jim Cloos verluer huet, huet d'Union erëm Hoffnung geschöpft.
Mee dunn konnt den Dennis Müller bei sengem 1. Optrëtt seng Nervositéit ofléen a kloër mat 3-0 géint den Jules Harles gewannen a fir de 5-3 suergen.
Dono huet den Dubbel Fejer-Konnerth/Müller kloër mat 3-0 gewonnen a mir konnten déi 3 Punkten mat heem huelen.