BDO TT-League 2. Halleffinall

BDO TT-League 2. Halleffinall

E Sonnden 24. März um 15.00 Auer ass déi 2. Halleffinall an der BDO TT-League tëscht dem DTD an dem DT Rued.

No der 5-2 Victoire zu Rued wëllen eis Jongen e Sonnden fir déi 7. Kéier hannerteneen an d'Finall kommen, dofir kommt all op Butschebuerg an ënnerstëtzt si géint eng staark Rueder Equip.

D'Hal ass ab 14 Auer op an den Entrée ass 5,00 €.