BDO TT-League 6. Spilldaag

BDO TT-League 6. Spilldaag

Am Spëtzemätch vum 6. Spilldaag hun eis Jongen missen op Hueschtert/Foslcht fueren, bei den aktuellen Tabellen-2. an et wuar gewosst, dass et ganz schwéier géif gin.

No engem 3-0 Reckstand konnt de Fabio Santomauro nach op 3-1 verkierzen, ier d'Heemequip op 5-1 fortgezunn ass. Mee nach eng Kéier de Fabio Santomauo an de Gilles Michely hun eis Fuarwen erëm op 5-3 erubruecht an d'Hoffnung op e 5-5 wuar erëm do.

Wéi et dunn a béiden Dubbelen 2-1 fir d'Heemequip stoung, huet hinnen nach een eenzege Saatz gefehlt zum Sieg. Mee daat sollt hinnen nët méi gelengen an eis Jongen huelen mat enger enormer Moral a vill Kampfgeescht e 5-5 mat zereck an d'Forge du Sud.