BDO TT-League 7. Spilldaag

BDO TT-League 7. Spilldaag

An engem wichtegen Mätch ëm d'Play-Off-Plaatzen hun eis Jongen mat 6-4 zu Iechternach gewonnen a stinn no der Hinronn op der 2. PLaatz.

Verlooss wuar eemol méi op eise Spëtzenduo Michely Gilles an Zoltan Fejer-Konnerth mat je zwee Eenzelerfolleger. Doniewt huet de Fabio Santomauro beim Stand vun 3-4 den eehemolegen Diddelenger Kevin Kubica mat 3-2 niddergehalen, fir dono mam Vincent Kempfer am Dubbel den entscheedenden 6. Punkt fir eis Fuarwen ze huelen.

Den nächste Mätch ass den Samschden 01.12. um 15 Auer zu Rued.