BDO TT-League 8. Spilldaag

BDO TT-League 8. Spilldaag

Zum Optakt vun der Reckronn konnten eis Hären souverän mat 6-1 beim DT Rued gewannen a bleiwen op der 2. Plaatz an der Tabell.

Weider geet et de Samschden 8. Dezember um 15.00 Auer zu Berbuerg, wou mir och den 11. Dezember an der 1/4 Finall vun der Coupe spillen. Berbuerg ass déi eenzeg Equip déi eis bis elo e Been stelle konnt, dofir heescht et hei opgepasst an d'Ënnerstëtzung vun de Supporter ass emsou méi wichteg.

Zum Oofschloss vum Joër spille mir dann de Samschden 15. Dezember um 15.00 Auer doheem géint Hueschtert/Foslcht.