BDO TT-League 9. Spilldaag
An engem viirverluegte Mätch vum 9. Spilldaag gewannen eis Jongen mat 6-2 zu Iechternach.
Dee jonken Loris Stephany koum hei déi éischte Kéier zum Asaatz a konnt direkt mat 2 Sieger géint Laurent Boden an Ariel Babosa iwwerzeegen.
Déi weider Punkten fir Diddeleng hun de Gilles Michely (géint den Traian Ciociu), Dennis Müller (géint Aleksandr Kraskovskii) a Fabio Santomauro (géint Ariel Barbosa a Laurent Boden) bäigesteiert.