BDO TT-League Viirschau 3. Spilldaag

BDO TT-League Viirschau 3. Spilldaag

E Samschden 05.10. um 15.00 Auer kënnt ët zum Duell tëscht Eiter/Waldbriedemes an dem DTD.

Nom Sieg zu Iechternach gouf et fir den DT Eiter/Waldbriedemes eng ganz batter 3-6 Nidderlaag doheem géint den DT Berbuerg. Wann si nët vun Ufank un wëllen de Kontakt zu den Play-Off Plaatzen verléiren, mussen si sechs teigeren fir Punkten ze kréien.

Allerdengs dierft daat géint de Champion en titre schwéier gin an et muss een dovunner ausgoën, dass eis Jongen och no dësem Spilldaag ongeschloën un der Tabellespëtzt stinn.

Rendez-vous deemno muar de mëtten ab 15 Auer an der rue de Syren zu Contern am Pingpongssall.