BDO TT-League Viirschau 4. Spilldaag

BDO TT-League Viirschau 4. Spilldaag

Um 4. Spilldaag treffen eis Jongen op den Tabellendrëtten vu Berbuerg. E ganz geféierleche Mätch géint eng Equip, déi geschlossen optrëtt an een deen aneren pusht.

D'läscht Saison konnten si esou déi 3 Punkten vu Butschebuerg entféieren, eng Tatsaach, déi, wann et eise Spiller nogeet, sech op kee Fall soll widderhuelen, och wann si sech bewosst sin wéi schwéier de Mätch gëtt.

Also alles e Samschden 12. Oktobe rum 14 Auer op Butschebuerg