Coupe de Luxembourg 1/4 Finale

Coupe de Luxembourg 1/4 Finale

Un dësem Samschden 26. Oktober stoungen d'1/4 Finallen an der Coupe de Luxembourg um Programm.
Hei kruten eis Jongen ët mam Opsteiger, dem DT Union Lëtzebuerg, ze din, déi bis elo am Championnat fir vill Spektakel gesuergt hun.
Um Enn stoung e klorën 4-1 Succès fir eis Jongen an si treffen elo an der Halleffinall op den DT Rued, déi sech géint den DT Briddel konnten duerchsetzen.
Déi aner Halleffinall bestreiden den DT Iechternach, déi sech mat 4-3 géint den DT Hueschtert/Folscht konnten behaapten, an den DT Houwald, déi mat engem bloën Aa dovun koumen an och mat 4-3 géint den DT Berbuerg gewannen.