De Kleesche war op Besuch

De Kleesche war op Besuch

E leschten Dënschden konnte souwuel d'Jugendspiller wei och eisen Trainerstaff sech op de Besuch vum Kleeschen a vum Houseker freeën. Fir verschidden Trainere gouf et eng kleng Rutt, mä d'Kanner kruten all eng schéi gefëllten Titchen. De Kleeschen huet gemengt si hätten se verdéngt, well se fläisseg trainéiert hunn an huet hinnen de gudde Rot mat op de Wee ginn, net alles beieneen ze iessen.

 

Merci Kleeschen an Houseker, dass der do waart, an hoffentlech bis nächst Joer.