EM-TIPSPILL
Den DTD organiséiert en Tippspill fir Fussball EM.
Dofir hunn ech op www.bet4beer.com en Grupp ugeluecht, an dem jiddereen den wëll, sech kann umellen. Hei Schrëtt fir firzegoen:
1. Fir d'éischt registréiert der ierch um Site un (eegenen Login a Passwuert)
2. Dann mellt der ierch un an d'Grupp:
Grupp: Deschtennis Diddeleng
Passwuert: Go4it2016
D'Konditiounen sinn déi heiten:
Jiddereen den sech umellt get 10€ an e Pott.
Um Enn vun der EM ginn d'Präisgelder folgendermoossen verdeelt:
Den 1. kritt 50% vum Pott
2. 30%
3. 10%
De Verain kritt 10% fir Aarbecht ;))
Natierlech muss all Kéiers virun Upëff vum Match getippt sinn.
Ab den KO-Ronnen get d'Resultat no 120min gekuckt am Fall vu Verlängerung (also 11m Schéissen get net gewert).
Déi 10€ kënt der bei engem Comitémember um Training ofginn, oder op een vun eisen Konten iwerweisen:
LU08 1111 0599 7933 0000 (CCPL)
LU44 0019 7400 0222 8000 (BCEE)
LU11 0030 8711 2401 0000 (BGL BNP Paribas)
Ech maachen dann eng Lëscht vun den Leit déi anbezuelt hunn op de Site.
Wen bis den nächsten Freideg 10.06. 14h30 net abezuelt huet, ass OUT a kann och net méi matspillen.