FINALE OH OH, FINALE OH OH OH O !!!
Moien alleguer Memberen an DTD Supporteren,
Nodeems den DTD sech an der 1. Finall vum Championnat konnt zu Ettelbréck mat 5-3 duerchsetzen hu mer elo d'Chance, de 4. Doublé hannerteneen op Diddeleng ze huelen. Packe mer et, de Sak zouzemaachen oder zitt Ettelbréck gläich an erkämpft eng 3. Finall? Et wäert op alle Fall spannend ginn.
Wann der wëllt Dëschtennis op héchstem Niveau erliewen an am Fall vun enger Victoire eise 4. Doublé an e weideren Championstitel fir d'Sportstadt Diddeleng mat eis feieren, dann ass den 21.5 d' Alliance the place to be!
Fir Iessen, Gedrénks a gutt Stëmmung ass gesuergt.
Entrée ab 18 Joer: 7€
Sportler vun aneren Diddelenger Veräiner hunn an hirem Tricot gratis Entrée.
Fir all eis Memberen ass den Entrée frai!!
Mir invitéieren iech och ärt Profilbild op Facebook bis dohin provisoresch ze äneren an esou eis Jongen ze weisen dass mer hannert hinnen stinn! Kommt all e Samsden mat Frënn a Famill fir eis Jongen jäitzen an eventuell den 4. Doublé hannerteneen feieren!!
Go 4 it!!!