Finall

Finall

An enger spannender Final konnt sech eis Equip um Sonnden mat 4-0 géint den Dauerrival vun de läschte Jorën, den DT Houwald, behaapten.

Am Géigendeel zum klorën 4-0 stinn déi eenzel Mätcher, déi alleguerten haart ëmkämpft waren. Décisif dierft dem Gilles Michely säi Mätch géint déi Houwalder Nummer 1, Irfan Cekic, gewierscht sin, wou de Gilles no 0-2 Reckstand sech zereck an de Mätch gekämpft huet an am 5. Saatz mam knapp méiglechsten Ecart an no Oofwier vun zwee Mätchbäll konnt gewannen.

Gratulatioun un déi ganz Equip an de Staff ronderëm.