Sarah de Nutte gewënnt de Masterscup

Sarah de Nutte gewënnt de Masterscup

Direkt am éischte Match am Trikot vum Dëschtennis Diddeleng gewënnt d'Sarah de Nutte d'Final vum Masterscup bei den Dammen. An der Final konnt d'Sarah sech knapp géint Tessy Gonderinger vum Rued duerchsetzen.
De Fabio Santomauro huet wärenddeem ganz knapp mat  11-9 an der Belle géint den Traian Ciociu (Iechternach) verluer.

Sarah de Nutte - Poncin Julie (Howald) 11:2 11:1 11:3
Sarah de Nutte - Gonderinger Tessy (Rued) 11:8 8:11 11:4 10:12 12:10

Fabio Santomauro - Traian Ciociu (Iechternach) 12:10 4:11 11:9 4:11 9:11