top of page

Grousse Succès beim 1ten Grand Prix Guido Tomassini

  • Autorenbild: PH
    PH
  • 29. Mai 2023
  • 1 Min. Lesezeit


E ganz chargéierten Weekend as op en Enn gangen. E Freiden ware mer beim Interclub an der Diddelenger Schwëmm mat dobai, parallel as d'Hal opgericht ginn fir eisen 1ten Grand Prix Guido Tomassini.


E Samschden dunn war et e flotten Jugendtournoi, wou och Kanner aus Deitschland a Frankreich mat um Start waren.


An dann ass et e Sonnden direkt weider gangen mam leschten Tournoi fir dës Saison zu Eieren vunn eisem verstuerwenen President Guido Tomassini.


Fir dës 1t Editioun kënne mer e ganz positiven Bilan zéien, et war e ganz gelongenen an och langen Weekend. De Challenge geet dann och op Konz.


Da geet nach e ganz grousse MERCI un d'Albertine, dem Guido senger Fra, déi de ganze Grand Prix patronnéiert huet.



 
 
 

留言


MAIN PARTNER

e227eda3-c9eb-4434-b86d-b81e31f1eaec.png
Corinne Inst. Beauté white.png
Cottage white transparent.png

 © 2024 DT Diddeleng

bottom of page