Inter Club Championnat - Winners


Dëse Sonnden war eisen Inter Club Championnat.


Moies hunn eis ganz kleng Ufänger missen e Parcours mat e puer Atelieren meeschteren, während déi méi grouss Kanner a Jugendlecher sech a richtege Mätcher géintiwer stoungen.


Mëttes waren dunn eis al a manner al Senioren an der Hal fir den Inter Club Champion auszespillen, hei konnt sech de Loris Stephany um Enn no villen hart emkämpften Dueller duerchsetzen.