top of page

Komesch 2. Plaz am Championnat jeunes!!! Leider mat fadem Nogeschmaach!

Eent virewech:

Wéi och gëschter an der Hal bei eis zu Diddeleng gratuléiere mer Lëntgen fir de Champion!

Dës Iwwerleeungen mussen awer erlaabt sinn!

Et geet em de Champion!

Leit wéi Gene Wantz a Loris Stephany, déi reegelméisseg an der Audi-League spillen, hunn an dësem Championnat matgespillt, also e ganz gudden Niveau.

No enger éischter Deelronn hate mer folgend Situatioun:

Dann hu gëschter 3 ganz ausgeglachen Equippen, déi all no iwwert 4 Stonnen ënnerteneen gläichgespillt hunn, eng Pattsituatioun.

Un sech misst Lëntgen op der 1ter Plaz stoen a Recken op der 2ter, ouni Garantie. Lëntgen war jeeweils 1 Saz besser wéi Récken an Diddeleng, Récken an Diddeleng am direkte Verglach punkt- a sazglaich.


Am direkten Verglach wär Diddeleng vs Lëntgen no den 2 Matcher esouguer 1 Saz besser.


An all aner Sportaart géif een elo soen Diddeleng ass Champion.

Denks de!

Am Dëschtennis anscheinend net! Hei den entspriechenden Artikel:

Falls der deen elo sollt gelies an net direkt verstanen hunn, ...

D'Plaz an der Tabell ass also méi wichteg wéi d'Punkten! Wou get et dat??


Sou, an elo erklärt dat äre Spiller, hirem Entourage an anere sportbegeeschterten Leit!!!

Nodeems sech Récken schonn op den Heemwee gemaach hat, well Lëntgen an Diddeleng nach um spille waren, ass de Verdikt no längeren Iwwerleeungen an Diskussiounen gefall. Wéi Lëntgen dëst Resultat du matgedeelt krut (sorry, Freude sieht anders aus) ass dann nach eng schéi Foto gemaach ginn. Et war bal wéi op engem Begriefnis.

Wann den 1ten net versteet firwat e Champion ginn ass an den 2ten net versteet firwat elo Sëlwer, da géife mer all Veräiner déi Jugendaarbecht machen opruffen sech Gedanken ze machen iwwert dëse Modus (idem fir de Cadets-Championnat) de Champion auszespillen!

Nach eng Kéier:

Erkläert dat engem Spiller, dem Entourage an anere sportbegeeschterten Leit!!!


Wat huet dat mat Sport ze dinn, wann den Titel iwwert e frowierdegen Artikel an net um Dësch ausgespillt gëtt!

As sécher keng Reklamm fir eise Sport!

PS

Déi do Situatioun wënsche mer kengem vun eise Konkurrenten!!

Et geet hei net ëm Diddeleng et geet ëm eise Sport!!!



bottom of page