top of page

Merci Gilles!!! Merci Noah, Dennis an Enzo!

D'Saison 22/23 geet op en Ënn. Nom errechtenen Ziel dem Maintien an der Audi-League as et dann Zait direkt e puer Spiller MERCI ze soën.

No 12 Joër kann ee soën dat eng Ära op en Ënn geet. De Gilles Michely verléist eise Verain mat enge sëllegen Tittelen, e.a. war hien un all Championstittelen bedeelegt. Mir wënschen him alles Gudds op sengem weidere Wee.

Bei eisem Ofschloss-Pizza-Iessen an eiser Buvette kruten dann och den Noah Stephany, deen nees zréck bei sain neien/alen Verain wiesselt an Dennis Huberty, deen e Schlussstrich ënnert seng Dëschtennis-Carrière zitt, eng flott Corbeille iwerrecht.

No nëmmen enger Saison ginn den Enzo Leguistin an den DTD och nees getrennte Weeër. Mir wënschen him och alles Gudds op sengem weidere Wee.



Comments


bottom of page