top of page

Season closing 2023


Eng laang Saison geet op en Enn.

Moies ware mer mat eiser Jugend an de Kloterpark an d'Léih. A fir Mëtteg hu mer eis dann zu Butschebuerg getraff fir d'Saison mat engem gudde Burger an enger gemittlecher Atmosphär auskléngen ze loossen.

Hei hu mer dann e.a. och eis Trainingsbéischter (Finja, Naël an Tim; Thea, Tom a Mathis) an eis Landesmeeschteren (Tiago a Marcel am Dubbel D; Naël Dubbel Cadets mixtes) geéiert.

Da kruten eis al Huesen och e klénge Cadeau fir hier laang Verdéngschter am Club (Roy an Andy fir 30 Joer, Marvin fir 40 Joer). An de Bianchy Jang huet et sech net huele gelooss an ass och kuerz bis laanscht komm fir säi 50 Jubiläum mat eis ze feieren.

Wéi jo scho méi laang gewosst verléisst de Gilles jo den DTD. Frou ware mer, datt hien sech d'Zäit geholl hat fir mat eis zesummen dëst Kapitel am Gudden auskléngen ze loossen. Merci Gilles nach eng Kéier fir däin Asaz iwwert all déi Joren.

An zum Schluss geet nach e grousse MERCI un all eis Leit fir hier Ënnerstëtzung!




Comments


bottom of page